
Sammy Wagner, President vum Jugendparlament
De 17ten November 2011 hu mir jonk Leit Geschicht geschriwwen, zu 1300 hu mir am Forum Geesseknäppche gewisen, dass mir nemméi wëllen, dass iwwert eis Käpp ewech décidéiert gëtt. Dee Message war kloer an däitlech!
D’Schoul ass ee vun deene wichtegste Piliere vun eiser Gesellschaft, Wëssen ass d’Fundament vu jidderengem vun eis an erméiglecht eis et eréischt, d’Liewen an Ugrëff ze huelen. Ëmsou méi wichteg ass et also, dass jiddereen eng gutt Schoulausbildung ka genéissen, fir e gudde Start an d’Liewen ze hunn.
Leider gëtt eisen aktuelle Schoulsystem net méi de gesellschaftlechen Ufuerderunge gerecht a mir brauchen eng Reform. Ob deen Text, deen elo um Dësch läit, den Ufuerderunge gerecht gëtt , ass net u mir hei ze decidéieren, mä dat ass eis gemeinsam Aufgab fir déi nächst Wochen a Méint.
Wichteg dobäi ass awer, dass ee breeden Debat an der Gesellschaft stattfënnt, dass d’Enseignanten, Elteren a virun allem déi, di et direkt betrëfft, nämlech d’Schüler, um selwechte Strang zéien. Mir musse fräi vu Virurteeler un deen „Avant-projet de loi“ erugoen, erausfannen, wat gutt ass, feststellen, wat net gutt oder net kohärent ass an och déi richteg Froen a puncto Ëmsetzung stellen. Wa mir da mat dem Ministère zesumme versichen, déi richteg Äntwerten op dës Froen ze fannen a jidderee bereet ass, deem aneren nozelauschteren, sinn ech zouversiichtlech, dass dës Reform e Paradebeispill am Bezuch op d’politesch Partizipatioun vun der Gesellschaft ka ginn.
Fir dass dat awer ka klappen, ass jidderee gefuerdert, fir dass mir all déi Mëssverständnesser, déi elo am Raum stinn, besäitegen an e konstruktive Bäitrag leeschte kënnen. Et geet net drëms, wee Recht oder Onrecht huet, et geet ëm d’Zukunft vun de Schüler an déi gehéiert endlech erëm an de Mëttelpunkt vun der Diskussioun!
Zesumme mat der Lëtzebuerger Jugendkonferenz wäert d’Jugendparlament dofir sech ëm d’Organisatioun vu Schwéierpunktversammlunge këmmeren, wou mir eis dann duerch d’Reform schaffen. Zum Schluss soll do eng Positioun erauskommen, déi op eng breet Akzeptanz stéisst.
Mir mussen elo onbedéngt no vir kucken, Fehler aus der Vergaangenheet roue loossen, d’Käpp zesummenzestrecken, an de Kader gemeinsam esou setzen, dass mir en Schoulsystem kréien, deen déi zukünfteg Generatioune gutt op e Studium oder d’Beruffswelt virbereet.



